Chrëschtdagssangen
den 7. Dezember 2024, um 16.30 Auer, op der Place St Michel zu Miersch. Bei schlechtem Wierder fënnt d'Chrëschtdagssangen an der Mierscher Kierch statt.
D’Union Grand-Duc Adolphe, an Zesummenaarbecht mat dem Piusverband, der INECC an der Mierscher Gemeng, organiséiert Sonndes, den 7. Dezember 2024, um 16.30 Auer zu Miersch op der Place St Michel eng weider Editioun vum Chrëschtdagssangen. D’Manifestatioun ass am Fräien a soll net méi laang wéi max. 45 Minutten daueren.
Matmaache kënnen esouwuel Gesangsveräiner wéi och eenzel Sänger. Um Programm stinn traditionell Chrëschtlidder, déi een- oder zweestëmmeg gesonge ginn, mat Begleedung vun engem klengen Orchester. Fir ze prouwen, kënnen déi Interesséiert sech d’Begleedung als MP3 mat dem Noutematerial hei hannendrun erof lueden.
Um Programm stinn:
- Lëtzebuerger Lidder oder mat lëtzebuergeschem Text: An der grousser hellger Nuecht • E Wonnerstär • Am Uewe potert d'Feier.
- Donieft: Feliz Navidad • Petit Papa Noël • Süsser die Glocken nie klingen • Fröhliche Weihnacht überall • Ee Potpourri: Marching Christmas vum Roger Sadler (Jingle Bells, Morgen Kinder wird’s ‘was geben, We wish you a Merry Christmas) • Stille Nacht • Les anges dans nos campagnes • O du Fröhliche • Happy Christmas (War is over) • O Tannenbaum • Minuit chrétien.
Eng gemeinsam Prouf gouf festgeluet fir Donneschdes, den 5. Dezember, um 19.30 Auer, an der Mierscher Kierch.
Den Dag selwer wier de Rendezvous ab 16:00 Auer op der Place St. Michel zu Miersch.
D'UGDA organiséiert en Transport vu verschiddenen Uertschaften aus. Genau Informatiounen am UGDA-Sekretariat (Tel: 46 25 36 1).
D'Mierscher Pompjeeën an den DT Recken suerge fir Iessen a Gedrénks.
D’Umeldungen sinn ob direction@ugda.lu ze maachen.
Umeldeformular fir eenzel Persounen
Nouten an Text - MP3 (download)
- An der grousser hellger Nuecht - Nouten an Text - MP3
- E Wonnerstär - Nouten an Text - MP3
- Am Uewe potert d'Feier - Nouten an Text - MP3
- Feliz Navidad - Nouten an Text - MP3
- Petit Papa Noël - Nouten an Text - MP3
- Süsser die Glocken - Nouten an Text - MP3
- Fröhliche Weihnacht überall - Nouten an Text - MP3
- Marching Christmas - Nouten an Text - MP3
- Stille Nacht - Nouten an Text - MP3
- Les anges dans nos campagnes - Nouten an Text - MP3
- O du Fröhliche - Nouten an Text - MP3
- Happy Christmas (War is over) - Nouten an Text - MP3 - Audio (John Lennon)
- O Tannenbaum - Nouten an Text - MP3 (Demnächst)
- Minuit chrétien - Nouten an Text - MP3 (Demnächst)