Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Covid-19 - Sanitärkonzept

GRONDREEGELEN

Maskepflicht:

  • Ëmmer mat Mask, esoubal e Musikant/Sänger seng Plaz um Pult verléisst!

Organisatioun:

  • Fest Sëtzuerdnung, déi fir all Prouf déi selwecht ass.
  • Presenzlëschte féieren.

Méi grouss Hygiène:

  • An de Säll gëtt et Desinfektiounsmaterial fir d’Hänn, Pulter, Still an eventuell d’Instrumenter.
  • Desinfektioun vun den Hänn vir a no der Prouf.
  • Desinfektioun vun Noutepulter a Still no all Gebrauch.
  • Kondenswaasser vun de Bléiser muss mat adequate Mëttel opgefaange ginn, z.B. Usträicherfliess, deen no all Prouf entsuergt gëtt.
  • Reegelméisseg de Buedem vum Sall an all Miwwel a Partien, déi vu ville Leit ugepaakt ginn, desinfizéieren.
  • Instrumenter no all Prouf botzen.

Reegelméisseg lëften:

De Sall e puer Mol an enger Stonn gutt duerchlëften.

Individualiséierung vum Material:

  • Partiture verdeele mat engem Minimum un Hänn déi sech dodru bedeelegen, idealerweis nëmmen den Dirigent oder den Archivar.
  • Beim Spillermaterial, besonnesch Perkussioun, jiddereen seng eege Bengelen, mee och kléngt Material op fest Spiller opdeelen, déi dann och fir d’Maintenance verantwortlech sinn. Keng Instrumenter, Mondstécker oder Bliedercher tauschen.

Instrumentekëschten an Etuien:

Am Beschten an engem separate Sall d’Instrument aus- an apaken. Instrumentekëschten an Etuien déi wärend der Prouf am Sall sinn, zoumaachen a beim Verloosse vum Sall desinfizéieren.

Banner Mir Sinn All Deel Vun Der Leisung