Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

D’UGDA sicht jonk Mataarbechter fir d’Revue Musicale

D’UGDA sicht e puer jonk Mataarbechter, déi interesséiert si bei der Redaktioun vun der Revue Musicale matzeschaffen, fir Artikelen ze schreiwen iwwert Museksevenementer oder aner Themen déi mat Musek ze din hun an déi si interesséieren.

Fir direkt siche mir Persounen, déi en Artikel iwwert d’Frankfurter Musikmesse schreiwen, déi vum 2. bis de 5. Abrëll ass. D’Fraise fir den Deplacement gi vun der Frankfurter Musikmesse iwwerholl.

Sidd Dir interesséiert, da mellt Iech per Mail op: direction@ugda.lu.

Weider Informatiounen um: 621 371 084 (Rob KÖLLER)

Banner Revue Musicale Redaction