Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Recommandations sanitaires concernant la pratique du chant et des instruments à vent

Communiqué du 28 mai 2020 de la Direction de la santé

Léif Kolleege Musikanten, Sänger, Theaterspiller an Dänzer

Mir hunn haut e Communiqué vum Ministère de la Santé an dem Kulturministère kritt, dir fannt en hei drugehaangen, deen zimmlech präzis iwwert eis Méiglechkeeten informéiert, an a wäiten Deeler dat bestätegt wat mer Iech gëschter matgedeelt hunn.

Den neien Aspekt ass dass mer hei kéng Verbueter kritt hunn, mä Recommandatiounen déi eis Sécherheet solle ginn.

Jiddereen ass also selwer responsabel wéi en sech behëlt a Jidderee muss seng Responsabilitéit huelen!

Mir kënne just feststellen, dass sech vill Méi gemaach ginn ass fir d'Situatioun z'analyséieren, de Risiko anzeschätzen a Méiglechkeeten ze sichen wéi eppes ka méiglech gemaach ginn. Dofir kënne mir nëmme roden sech dëse Communiqué genee duerchzeliesen, a méiglechst vill dovun ëmzesetzen.

Doriwwer eraus bleift och eise Rot ganz aktuell, vum gudde Wieder ze profitéieren, an sech mat senger jeeweileger Gemeng ofzespriechen.

Mat beschte musikalesche Gréiss

De Bureau Exécutif vun der UGDA

Gilbert Girsch, Verbandspresident
Raymond Peters, Vize-President
Marc Thill, Vize-President
Robert Köller, Generalsekretär
André Heinen, Trésorier

Banner Deconfinement
Downloads