Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Theaterfestival 2023

22. & 23. Abrëll 2023

UGDA spillt Theater

Fir um UGDA Theaterfestival 2023 ee neit Theaterstéck vum Marco Schank ze presentéieren, siche mir Actricen an Acteuren aus eisen Theater-Veräiner déi matspille wëllen.

De MAO – an di Aner - en Theaterstéck vum Marco Schank,
fräi nom Roman „MAO und die Andern“ vum Auteur.

Persounen:

1. Jenni, Studentin, dem Marguy Schauls säi Meedchen an dem Mao seng Enkelin
2. Nadine, Studentin
3. Kevin, Student
4. Manuel, Student, spillt Guitar oder soss een Instrument
5. Monique Hoffmann, Direktesch vun engem Lycée
6. Jang Schauls, pens. Dokter, dem Jenni säi Boop als Mao (Tsetung)
7. Norbert Siebenaller, Proff a Journalist als (Leo) Trotzki
8. Christian Koenig, Pater als Ho (Chi Minh)
9. Pierre Frantz, Besëtzer vun enger Hotelketten = Lenin
10. Robert Mathieu, Police-Commissaire
11. Madame Marguy Schauls, dem Mao seng Duechter an dem Jenni seng Mamm
12. Alain Langertz, Patholog, eng eeler Persoun
13. Edmée Einsweiler, Archäologin
14. Nicole Steinmetzer, Polizistin, dem Mathieu seng Adjointe
15. fréier (al) Schüler/innen um Konveniat
16. eng Sekuristin

Prouwen sinn ab Mëtt Februar 2023
Virstellungen sinn den 22. an 23. Abrëll 2023 um UGDA Theaterfestival am Artikuss zu Zolwer
souwéi den 27. an 28. Oktober 2023 am Cube 521 zu Marnech

Regie: Joe Heintzen

Weider Renseignementer an Umellungen

UGDA Sekretariat
tél. 46 25 36 - 1 - mail: direction@ugda.lu

Falls Dir wëllt matmaachen, mëllt Iech w.e.g. bis spéitstens den 1. Dezember 2022.

D’Geschicht :

D’Stéck spillt 2023 zu Lëtzebuerg. Am Mëttelpunkt vum Stéck stinn 2 „Cliquen“ – eng al an eng jonk! An ee Manuskript vun engem Roman, dat de Schlëssel zum Oflaf vun der Geschicht duerstellt.
Di al Equipe si 4 Männer an 1 Fra (Alter = Mëtt 60!) aus enger Clique vun 68er resp. 1971er, déi sich an der Zäit vun der Studentebeweegung Enn 60er/Ufank 70 géint de Konformismus vun hiren Elteren, géint d‘Obrigkeet an de Vietnamkrich gewiert hunn. 2023, vun engem Dag op den aneren, schéngt ee Mäerder et op d‘“Rebellen“ vun deemools ofgesinn ze hunn …
Di jonk Equipe sinn eng Clique vun 2 Männer an 2 Fraen (=Ufank bis Mëtt 20), déi sich vun der Schoul hier kennen. Och si setzen sech fir hier Zukunft an a wieren sech géint de Klimawandel a seng Suitten. Dofir preparéieren se eng Maniff. Wéi eent vun de Meedercher bei sengem Grousspapp (=een vun den deemolegen 68er) ee vermeintlecht Romanmanuskript fënnt, geroden si op d’Spuer vum Mäerder.


Theaterfestival Site