Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

UGDA/UMI Blosmuseksconcours

D’UGDA organiséiert de 14. a 15. Mee 2022 e Concours fir Museken zu Wëntger a Kollaboratioun mat der Gemeng Wëntger, an der Wëntger Musek.

I. Aschreiwung

  • Zougelooss zum Concours ginn all Blosmuseksveräiner, déi Member sinn bei der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) oder enger Museksfederatioun aus der Groussregion, déi bei der “Union Musicale Interrégionale” (UMI) ageschriwwen ass.
  • Fir d’Partizipatioun ass en Aschreiwungsformular vum ugda.lu Site ausgefëllt, ënnerschriwwen an datéiert zréckzeschécken. De Formular kann och beim Secretariat ugefrot ginn. D’Umellung ass gülteg no der Iwwerweisung vun der Aschreiwungsgebühr vun 150 € + 100 € Kautioun op de Kont vun der UGDA CCPLLULL - IBAN LU10 1111 0043 0032 0000.
  • Umelle kann ee sëch bis spéitstens den 31.12.2021.

II.- Besetzung an Niveauen

  • De Concours ass fir Harmonie, Fanfare a gemëschte Besetzungen (Museken déi keng reng Harmonie- oder Fanfare-Besetzung hunn, z.B. Flütten, Bügel a Klarinetten) a gëtt a 4 Schwieregkeetsgraden ausgedroen: Niveau A, B, C an D (wou A den héchsten Niveau ass).
  • All Orchester wielt selwer op wéi engem Niveau e well untrieden. Gemëschte Besetzunge kënnen allerdéngs nëmmen an de Niveauen C an D untrieden.

III. Programm

  • All Orchester huet en Imposé vun engem Lëtzebuerger Komponist souwéi e fräie Programm, deen dem Niveau ugepasst ass, virzedroen (15 Minutte fir d’Niveauen C an D, 20 Minutte fir d’Niveauen A a B).

IV. Jury a Bewäertung

  • Bewäert gëtt Stëmmung, Prezisioun, Balance, Dynamik a Musikalitéit. All Jurysmember huet 100 Punkten ze verginn. Fir d’Endresultat gëtt d’Moyenne vun de Bewäertunge geholl.
  • D’Präisser, déi vergi ginn, sinn Éischte Präis mat Auszeechnung (91-100 Punkten), Éischte Präis (81-90 Punkten) an Zweete Präis (65 – 80 Punkten). All Präis gëtt mat engem Diplom iwwerreecht.

V. Resultater a Präisser

  • D’Präisser, déi vergi ginn, sinn Éischte Präis mat Auszeechnung (91-100 Punkten), Éischte Präis (81-90 Punkten) an Zweete Präis (65 – 80 Punkten). All Präis gëtt mat engem Diplom iwwerreecht.

Imposés

Le matériel complet est édité par l’Union Grand-Duc Adolphe a.s.b.l.
Les partitions sont payables: version papier - degrés A & B: 150 € / degrés C & D: 125 € / fichiers PDF: 80 €).
Les orchestres participants au concours se voient rembourser les frais du morceau imposé interprété lors du concours.