Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Mir maache Musek Cours de Formation Musicale par Léopold Winandy

Pour les élèves et les enseignants de l’Ecole de Musique de l’UGDA, le Centre de documentation vend les manuels «Mir maache Musek» de Léopold Winandy (éveil et formation musicale).

Les commandes doivent être faites à l’avance.
Les commandes sont envoyées par courrier postal contre facture.

Contact: Tél: 46 25 36-21 ou 46 25 36-1 ● courriel: direction@ugda.lu

D’Philosophie vun der Solfègekonzeptioun "Mir maache Musek"

Dës Bicher sollen d’Basis vum Solfègeunterecht sinn. Si bidden d’Méiglechkeet, d’Intonatioun vun den Intervallen an den Akkorde mat de Virzeechen ze léieren. Dës Fäegkeet ass d’Viraussetzung, d’Nouteschrëft ze verstoen, se erëm kënnen ze ginn, eng Lecture à vue a mam néidege Schreiftraining en Diktat ze maachen, also gehéiert Musek ze verstoen.

Wéi schreift de Robert Schumann : „Du musst es so weit bringen, dass du eine Musik auf dem Papier verstehst.”

D’Ziler vu „Mir maache Musek“:

  • Lidder no Gehéier léieren.
  • Dës Melodie sinn den Ausgangspunkt, fir am Weideren den Takt, d‘Rhythmen an d‘solmiséiert Intervallen an Akkorde mat de Virzeechen intonéieren ze léieren.
  • Mat dëse Fäegkeeten, d‘Nouteschrëft liesen, solmiséieren an interpretéiere léieren.
  • Sech d‘Klangbild vun der Nouteschrëft ënnerlech virstellen ze kënnen.
  • D‘musikalescht Gehéier ze forméieren.
  • D‘musikalescht Gediechtnes z’entwéckelen.
  • Mat wäertvolle Melodien, de Schüler op dat Schéint ze leeden a säi musikalesche Goût ze kultivéieren.

All weidert Unterrechtsmatérial baut op dësem Fundament op !