12. Juli 2025 zu Monnerech
Den UGDA-Jugenddag fënnt dëst Joer den 12 Juli 2025 statt.
Am Kader vum 30sten Anniversaire vun de Monnerecher Jongbléiser huet sech d‘Monnerecher Musek et dëst Joer zur Aufgab gemaach, dëse wichtegen Dag fir eis Museksjugend ze organiséieren.
Et soll e musikaleschen Dag ginn : mat Prouwen, flotten Aktivitéiten an engem groussen Ofschlossconcert an der Monnerecher Sportshal. Heibäi spillt all eenzele Jugendorchester 10 min. eegene Programm, éier mir zum Schluss alleguer zesummen an engem Groussen Orchester fir déi grouss Finall vum Concert suergen.
Nieft dem eegene Programm, bréngt all Jugendorchester e Stéck vum Grad 1-2 mat, dat mir dann den Dag selwer zesummen entdecken an aprouwe wäerten.
Oflaf vum Dag :
• Vun 08:15-09:30 ginn d‘Musiker vun den eenzelne Jugendorchesteren am Musekssall mat Schocki/Kaffi a Mëtschen empfaangen.
• Géint 09:30 ginn déi eenzel Regësteren an eis Proufsäll opgedeelt fir déi éischt Lecture vun den neie Stécker ze maachen. Déi verschidde Säll si bequeem ze Fouss, vum Musekssall aus, ze erreechen. Hei ass follgend Opdeelung virgesinn:
o Flütten
o Klarinetten
o Saxophonen
o Coren, Trombonnen, Euphonium, Tuba
o Trompetten
o Perkussioun
Dës verschidde Regësterprouwe gi vun den Dirigente vun de Jugendorchestere gehalen.
• Um 10:30 gëtt eng Paus vun +- 20 Minutten gemaach, wou d‘Dirigenten an en anert Regëster wiesselen.
• Bis 11:30 ginn d’Regësterprouwe virun.
• Um 12:00 gëtt et op der Monnerecher Duerfplaz zu Mëtteg iessen. (Heifir brauche mir vun alle Musikanten eng Lëscht mat den eventuellen Allergien oder Iessensaschränkungen)
• 13:30 : An der Sportshal ginn d’Stécker, déi virdrun an deenen eenzele Regëstere geprouft goufen zesumme gesat an am Groussen Orchester ageprouft.
• Vu 14:30 bis 17:00 ass Fräizäit. Eng Museksolympiad am Parc ass virgesinn. Hei ginn ënnerschiddlech Aktivitéite fir d’Jugend geplangt. Den Detail kënnt no. Bei schlechtem Wierder gëtt d'Aktivitéit an der Sportshal gemaach.
• 18:00 : Ofschlossconcert
o All Jugendmusek spillt +/- 10 Minutten eegene Programm.
o Als grouss Finall spille mer all zesummen am Groussen Orchester déi 5 bis 6 gemeinsam Stécker.
• Ab 19:30 kënnen all déi, déi wëllen, gären nom Concert nach bis eriwwer an deMusekssall kommen an den Dag mat engem klenge Maufel, engem Patt a flotter Musek auskléngen loossen.
• Um 22:00 ass den offizielle Schluss vum Jugenddag.
Wat gëtt vun de Jugendorchesteren an hire Membere gebraucht :
• Musikalescht Material
o E Stéck : Grad 1-2
o Pulter
o Eventuell Dämpfer fir d’Blechblosinstrumenter
o Är Instrumenter an Nouten
• Kleedung
o Eventuellt Sportsgezei a -schung
o D’Tenue vun ärem Jugendorchester fir den Ofschlossconcert
• Administrativ
o Lëscht vun den Allergien/Iessensaschränkungen oder -virschrëften
o Bei Krankheeten : är Medikamenter
o Carte d’identité
o Gutt Laun a Motivatioun
Fir d’Verpfleegung wärend dem Dag ass beschtens gesuergt. Ausser ärer erëmopfëllbarer Fläsch, braucht dir fir ze iessen an ze drénken näischt selwer matzebréngen.
Umelle kënnt dir iech bis den 30. Mee op direction@ugda.lu.