Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Corona Gesetz vum 26. November 2020

Informatioune fir d'Veräiner

Gülteg bis de 15. Dezember 2020

Niewent den allgemenge Sanitär-Regele sinn ze befollegen:

Grondregel

La pratique d’activités récréatives en groupe de plus de quatre personnes est interdite.

Bis 4 Persounen – ouni Mask –Ofstand vun 2 Meter.


Museken, Instrumentalensembelen, Gesangsveräiner ...

Nëmmen Ensembele bis 4 Musikante/Sänger sinn erlaabt ! (den Dirigent abegraff !)

HÄMMELSMARSCH / CHRËSCHTSPILLEN ...

ass erlaabt wann et am Ganzen net méi wéi 4 Leit sinn !! E puer Gruppe vu 4 beieneen ass NET erlaabt, och net wann Ofstand gehale gëtt.

Theatergruppen

Maximum 4 Acteuren ob der Bühn ouni Mask. KEEN direkte Kierperkontakt.

Esoubal den Acteur d’Bühn verléisst ass Maskepflicht. Maskepflicht ass och fir all déi Leit, déi net op der Bühn stinn (Regisseur, Technik, etc.).

Concerten am Sall sinn net erlaabt !

Spillen dobaussen ass erlaabt, do wou de Publikum circuléiert.

Versammlungen

Versammlungen sollen sou wäit wéi méiglech per Visio-Konferenz ofgehale ginn.

Ass dat net méiglech, musse folgend Regele respektéiert ginn:

  • bis 4 Persounen – ouni Mask
  • bis 10 Persounen – mat Mask – Ofstand vun 2 Meter
  • bis 100 Persounen – mat Mask – Ofstand vun 2 Meter – Nominativ Sëtzplaze

Generalversammlungen

Kënne per Visiokonferenz oder per Courrier gemaach ginn.

Leschten Délai fir d’Generalversammlungen vun 2020 ass den 30. Juni 2021.

Corona Mesures Nov 2020
Downloads