Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Covid check

De Covid check erméiglecht et kulturell Aktivitéiten dobannen an dobaussen ofzehalen ouni Gestes barrières (keng Mask, keng Ofstandsreegelung, Iessen an Drénken servéieren)

Offiziellen Text:

Régime Covid check: régime applicable à des établissements accueillant un public, rassemblements, manifestations ou évènements dont l'entrée est exclusivement réservée aux personnes pouvant se prévaloir soit d'un certificat de vaccination tel que visé à l'article 3bis muni d'un code QR, soit d'un certificat de rétablissement tel que visé à l'article 3ter muni d'un code QR, soit d'un certificat de test Covid-19, tel que visé à l'article 3quater, indiquant un résultat négatif et soit muni d'un code QR, soit certifié par l'une des personnes visées à l'article 3quarter autorisées à exercer au Luxembourg ou aux personnes qui présentent un test autodiagnostique servant au dépistage du virus SARS-CoV-2 réalisé sur place et dont le résultat est négatif. Pour les établissements rassemblements, manifestations ou évènements qui accueillent du public après minuit et qui souhaitent bénéficier du régime Covid check, les tests antigéniques rapides SARS-CoV-2 non certifié par les personnes visées à l'article 3quater, paragraphe 3, point a), ne sont ni valables ni admis entre une heure et six heures.
Les personnes âgées de moins de six ans sont exemptées de la réalisation d'un test autodiagnostique sur place ou de la présentation d'un certificat tel que visé à l'article 3quater. Le régime fait l'objet d'une notification préalable par voie électronique à la Direction de la santé, et, sauf pour les rassemblements ayant lieu au domicile, d'un affichage visible. Lors de la notification, le périmètre du lieu de la manifestation ou de l'évènement doit être déterminé de manière précise et la notification comprend l'indication des dates ou périodes visées.

Praxis:

De Covid check ass e Regime dee fir Prouwen, Concerten oder Versammlungen ka gebraucht ginn. Konditioun fir dee Regime ass, datt sämtlech Persounen ënnert den 3G (Genesen, Getest, Geimpft) falen. Dëst zielt esouwuel fir de Public, wéi fir d’Musikanten/Sänger/Dänzer, wéi och fir d’Personal ronderëm. De Covid check gëtt pro Dag gemellt, deemno kann e Veräin de Covid check fir säi Proufdag umellen a separat fir en aneren Dag fir e Concert.

De Covid check ass fir Aktivitéiten (Prouwen a Concerten) an engem Sall, an am Fräien.

Bis 300 Leit ass de Covid check per Mail bei der Direction de la Santé unzemellen. Et gëtt e spezielle Formulaire dofir (Link op www.ugda.lu). Déi Notifikatioun muss am VIRAUS gemaach ginn. Et kritt een keng Äntwert vun der Santé, mee wann eng Kontroll ass, kann esou kontrolléiert ginn op d’Evenement notifiéiert ginn ass.

De Raum wou d’Prouf oder de Concert ofgehale gëtt, muss präzis ugi ginn. Am Fräien muss de Perimeter genau determinéiert ginn.

Et muss ugekënnegt ginn, datt de Concert am Regime vum Covid check ofgehale gëtt, dat muss och esou affichéiert sinn. D’Plaz am Fräien, wou de Concert ass, soll clôturéiert sinn, getrennten Entrée a Sortie hunn, mat all Kéiers Kontrollen op der Plaz, déi vum Ufank bis zum Schluss vun der Manifestatioun permanent présent musse sinn. De Link fir d’App erofzelueden ass op www.ugda.lu ze fannen.

Déi Persounen, déi keen Certificat hunn, mussen op der Plaz e Schnelltest maachen. Dee Schnelltest ass just bis 01.00 Auer (nuets) gültech. Kanner ënner 6 Joer brauche keen Certificat a keen Test.

Duerch de Covid check ginn all Restriktiounen opgehuewen. Keng Mask, keen Ofstand fir sämtlech Persounen. Et dierf och Iessen a Gedrénks zerwéiert ginn.
Wann e Fest ënnert dem Regime Covid Check statt fënnt, kann d’Iessen a Gedrénks vum Veräin selwer gemaach ginn.

CovidCheck.lu App

D'Lëtzebuerger Regierung stellt eng Applikatioun zur Verfügung, fir d'Authentizitéit an d'Gültegkeet vun de CovidCheck-Certificaten (EU Digital COVID Certificate – EU DCC) z'iwwerpréiwen: CovidCheck.lu.

Mat der App kënne Certificaten um Pabeier oder an digitaler Form (z. B. PDF) iwwerpréift ginn. D'Applikatioun ka gratis iwwert den Apple App Store oder de Google Play Store installéiert ginn. Si kann op engem Smartphone oder Tablet installéiert ginn.

Umelle vum Regime Covid check

Notification du régime CovidCheck (public.lu)

Affichen an Informatiounen - Toolbox:

CovidCheck - Coronavirus - Informations officielles - Luxembourg (public.lu)

L Covid Check