Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Covid Gesetz – Nei Bestëmmungen vum 25. Juni un

Vum 25. Juni un, gëllen eng Rei Vereinfachunge fir eis Aktivitéiten:

  • Am «espace public» gëlle weider Distanz- a Sanitärreegelen wéi bis elo.
  • Am «espace privé» sinn dës Reegelen nëmme méi Recommandatiounen.

Vum 25. Juni un, gëllen eng Rei Vereinfachunge fir eis Aktivitéiten:

  • Am «espace public» gëlle weider Distanz- a Sanitärreegelen wéi bis elo.
  • Am «espace privé» sinn dës Reegelen nëmme méi Recommandatiounen. D’Proufsäll sinn par définition «espace privé». Reng legalistesch gekuckt, kënne mir do also elo prouwen wéi mer wëllen.

Gesetzlech Reegelungen nëmmen nach fir Rassemblementer iwwer 20 Leit am ëffentleche Raum.

Am private Raum ginn et nëmmen nach Recommandatiounen. D'Unzuel u Leit ass hei egal.

Op der Aarbecht, an engem Betrib oder am Proufsall ass iwweregens och privat. Also hei sinn och déi gesetzlech Restriktioune gefall.

Rassemblementer zu méi wéi 20 Leit an der Ëffentlechkeet si verbueden, ausser et ginn zougewise Sëtzplazen an zwee Meter Distanz tëscht de Leit oder et huet een de Mask un.

«Rassemblementer» sinn organiséiert Reuniounen. Wann awer elo «spontan» 50 Leit zesumme kommen, dann ass dat erlaabt.

D’Santé appelléiert awer ganz staark drun, datt een nach ëmmer oppasst a sech an anerer schützt. Esou soll een och am private Raum eng Distanz hale vun 2 Meter, respektiv e Mask undoe wann dat net méiglech ass. En 2. Lockdown muss onbedéngt verhënnert ginn! Jiddereen ass selwer responsabel fir sech a seng Matmënschen!

Weider e Mask muss een un hunn, iwwerall do wou Public empfaange gëtt oder wann ee sech an engem ëffentleche Raum beweegt.

Fir déi kulturell Veräiner gëtt dringend ugeroden sech weiderhin un d’Sanitärkonzept ze halen, wat d’UGDA an Zesummenaarbecht mat der INECC an dem Piusverband ausgeschafft huet.

Dëst gëllt besonnesch fir d’Ausnotzung vun der disponibeler Plaz, d’Organisatioun vun de Partituren an de Gebrauch vun techneschen Hëllefsmëttel fir d’Loftstréim ze begrenzen. Fir d’Blechbléiser, net vergiessen eppes ze gebrauchen fir d’Kondenswaasser opzefänken, an natierlech all déi soss üblech Hiegiensmesüren anhalen.

Vergiesst net, all eis Veräiner sinn intergerenationnel! Heescht och, dass all Veräin seng «personnes vulnérables» huet, op déi e soll oppassen.

De Bureau Exécutif vun der UGDA

Gilbert Girsch, Verbandspresident
Raymond Peters, Vize-President
Marc Thill, Vize-President
Robert Köller, Generalsekretär
André Heinen, Trésorier

Banner Deconfinement
Downloads