Informatioune fir Prouwen, Concerten a Versammlungen
Léif Kolleege Musikanten, Sänger, Theaterspiller a Dänzer
No der méintelaanger Paus vun eisem kulturelle Veräinsliewen, wier et elo esou lues un der Zäit erëm aktiv ze ginn, den Ëmstänn ugepasst, anescht wéi gewinnt an dach ass et méiglech datt eis kulturell Veräiner nees opliewen. Ëmdenken an Disziplin si gefrot.
D’Gesetz vum 17. Juli 2020 mécht et méiglech, nees ze prouwen a Concerten z’organiséieren. Fir déi aktiv Musikanten, Sänger an Theaterspiller besti kéng Restriktioune fir hir Aktivitéit auszeféieren, mä et sollen dach Recommandatiounen agehale ginn, déi eis Sécherheet solle ginn. Doriwwer eraus ass Jidderee selwer responsabel wéi en sech behëlt a Jidderee muss seng Responsabilitéit huelen!