24. - 26. Abrëll 2020 am Artikuss zu Zolwer
Leit zesumme bréngen, mateneen op enger neier Bühn spillen, virun engem anere Publikum kënnen optrieden, dat war de Challenge vum Theaterfestival 2016.
Am Joer 2020 wëllen mir d’Ambitioune vum UGDA Theaterfestival vergréisseren. D’UGDA wëll eppes zur Erweiderung vum Lëtzebuerger Theaterrepertoire bäidroen. Eng nei Créatioun "de Mao an déi Aner" vum Marco Schank gëtt am Kader vum Theaterfestival 2020 vum Theatergroup "Ënner Wouer" uropgefouert!
De genaue Programm kënnt deemnächst.
Kontakt: Union Grand-Duc Adolphe, Tel.: 46 25 36-1, Fax : 47 14 40, Email: direction@ugda.lu
