Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Zousätzlech Informatiounen (Tester, Covid-check ...)

Mat dem neie Gesetz vum 18. Oktober 2021, ginn et e puer Ännerungen an de Recommandatioune fir d’Veräiner. Déi nei Bestëmmungen, déi mir den 20. Oktober un d’Veräiner geschéckt hunn, ersetzen all Recommandatioune virum 18. Oktober a si gülteg bis den 18. Dezember 2021.

Schnelltester

Ab dem 1. November sinn d’Schnelltester OUNI Certificat net méi offiziell valabel a sinn nach just fir de private Gebrauch gutt.

Zertifiéiert Tester

Muss all Persoun hunn déi net ënnert de Regime vum 3G (getest, geimpft, genesen) fällt. Zertifiéiert Schnelltester, déi an der Schoul gemaach ginn, sinn 48 Stonne valabel. PCR-Tester sinn 72 Stonne valabel. D’UGDA an de Kulturministère hu leider kee Budget fir d’Fraise vu PCR-Tester ze rembourséieren.

Covid-check

  • De Covid-check ka fir eng Serie vu Prouwe gemellt ginn (z.Bsp.: all Mëttwoch vun de Méint November, Dezember, ...)
  • De Covid-check muss net onbedéngt vun der selwechter Persoun gemaach ginn, wéi déi di d’Deklaratioun gemaach huet, allerdéngs ass déi Persoun, déi de Regime notifiéiert huet, verantwortlech z.B. falls et sech erausstelle sollt, dass di Kontroll net gemaach gouf. De Formulaire fir de Covid-check Event ze melle, gesäit net di Méiglechkeet vir, fir de Numm vun enger anerer Persoun unzeginn. Fir all Problem aus dem Wee ze goe wier et scho gutt wann déi Persoun, déi de Regime notifiéiert och déi wier, déi duerno bei der Kontroll derbäi wier.
  • Wann eng Prouf ënnert dem Regime Covid-check ausfält, muss dat net extra bei der Santé gemellt ginn.
  • De Covid-check (Scanne vun de Certificaten) MUSS VIRUN ALL PROUF gemaach ginn, och wann et ëmmer déi selwecht Persoune sinn, déi deelhuelen !!! Et däerfen och keng Leeschte gefouert ginn, wou drop steet wien geimpft, getest oder genesen ass, dat ass géint d‘Reglement „protection des données personnelles“.
  • Am Regime Covid-check musse SÄMTLECH PERSOUNEN, déi wärend enger Prouf am Sall sinn (eventuell Elteren oder Comitésmemberen déi net spillen) de Certificat virweisen.
  • Ouni Covid-check zielen déi aktuell Bestëmmunge vum Covid-Gesetz vum 18. Oktober 2021 (50 Musikanten/Sänger mat 2 Meter Distanz).

Infizéiert Persoun

Folgenden Zenario: Eng Persoun mécht Freides Mëttes e PCR-Test, geet Owes an d’Prouf a kritt Samschdes e positiivt Testresultat. Déi infizéiert Persoun informéiert de President vum Veräin doriwwer.

Wann ee Member e Responsabele vum Veräin informéiert, dass hie positiv getest gouf, mussen di aner Memberen informéiert ginn, ouni de Numm vum Infizéierte weiderzeginn.

Wann ee Member positiv ass, gëtt hien vum Contact-tracing kontaktéiert an de Contact-tracing kontaktéiert déi Leit, déi an de vergaangenen 48 Stonnen en enke Kontakt mat der infizéierter Persoun haten. Et kann also duerchaus sinn, dass kee Member vum Veräi geruff gëtt. Dat ass um Contact-tracing vu Fall zu Fall ze kucken.

De Veräi brauch keng Lëschten un d’Santé ze schécken, ausser et gëtt speziell ugefrot.

Sanktiounen

Verstéiss géint d’Covid-Gesetz (Art.4quater) wat d’Prouwe resp. Concerten ubelaangt kënne bis zu 4.000 € bestrooft ginn.

Verstéiss géint d’Reglementatioun wat de Covid-check ubelaangt, kënne bis zu 6.000 € bestrooft ginn.

Professionelle Kader

Gewosst ass, dass deen Text keng gesetzlech Basis huet a vun de Ministèren ënnerschiddlech interpretéiert gëtt. Eng läscht Info vum Kulturministère heizou ass, datt de professionelle Kader just an Zesummenaarbecht mat enger professioneller Institutioun ka sinn (Concert an der Philharmonie oder an engem anere Kulturhaus).

Dës Matdeelung baséiert op dem Gesetz vum 18. Oktober 2021 an op Informatiounen, déi mir vum Ministère de la Santé resp. dem Ministère de la Culture matgedeelt kruten.

Corona Newsflash