Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Chouerdirigent*innen-Treffen

Chouerdirigent*innen-Treffen: Sa, 06.07.2019, 15h00, Centre culturel Sandweiler

Léif Chouerdirigent*innen,

Fir de Kontakt tëschent de Choralen an hiren Dirigenten ze verbesseren organiséiert den INECC an Zesummenaarbecht mat der UGDA an dem Pius-Verband en Treffe mat de Chouerdirigent*innen:

All Chouerdirigent*in, egal ob en e Kierchechouer oder e weltleche Chouer dirigéiert, egal ob vun engem Erwuessen-, Schoul- oder Kannerchouer, ass häerzlech invitéiert, den 6. Juli vu 15 – 18h an de Centre culturel vu Sandweiler ze kommen.

Dëst soll en Austausch sinn iwwer Literatur, Programmen, geplangt Concerten, Kollaboratiounen, Iddien – wat Iech grad um Häerz läit!

Dir kënnt, wann dir wëllt, eng oder zwou Partiture matbréngen, déi dir nei entdeckt hutt, oder déi bäi Äre Sänger*innen gudd ukommen.

Fir Gedrénks ass gesuergt, a wann Dir iwwert dem Schwätzen hongreg gidd, kritt Dir um Grillfest vun der Fanfare Sandweiler eppes z‘iessen.

Am Numm vun den dräi Organisateuren hoffen ech, dat dir den 6. Juli derbäi sidd a soen Iech Merci fir eng Réckmeldung op d’Adress info@inecc.lu.

Mat beschte Gréiss,

Arend HEROLD - Direkter INECC Luxembourg

www.inecc.lu

Directeur Notes
Downloads