Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Covid-19 - Reegele fir d'Veräiner

vum 11. bis den 31. Januar 2021

Niewent den allgemenge Sanitär-Reegele sinn ze befollegen:

Museken

  • Blosmusek-Ensembelen: bis 4 Musikante sinn erlaabt (den Dirigent abegraff !) Am Sëtzen oder am Stoe spillen - Ofstand vun 2 Meter anhalen.

Instrumentalensembelen (Perkussioun, Gittar, Mandolinn, Akkordeon) / Gesangsveräiner

iwwer 10 Leit sinn erlaabt ënnert folgende Konditiounen:

  • Maskepflicht
  • am Sëtzen spillen/sangen
  • Ofstand vun 2 Meter ronderëm de Musikant/Sänger

Folklorgruppen

  • Maximum 10 Persounen
  • Maskepflicht
  • Ofstand vun 2 Meter
  • KEEN direkte Kierperkontakt.

Theatergruppen

Am Amateurberäich keng Aktivitéit méiglech.

Concerten am Sall sinn net méiglech

Versammlungen

Versammlunge sollen sou wäit wéi méiglech per Visio-Konferenz ofgehale ginn. Ass dat net méiglech, musse folgend Reegele respektéiert ginn:

  • bis 4 Persoune – ouni Mask
  • bis 10 Persoune – mat Mask – Ofstand vun 2 Meter
  • bis 100 Persoune – mat Mask – Ofstand vun 2 Meter – Nominativ Sëtzplaze

Generalversammlungen

Kënne per Visiokonferenz oder per Courrier gemaach ginn.

Leschten Delai fir d’Generalversammlunge vun 2020 ass den 30. Juni 2021.

Catering

Kee Gedrénks/Iessen no der Prouf

Corona Mesures Janvier 2021