Projet: Olympiad vun de Tutebattien
Bei dëser musikalescher Olympiad kréien d’Kanner op eng spilleresch, flott an interaktiv Aart a Weis d’Instrumenter (Querflütt, Klarinett, Saxophone, Trompette, Bugle, Cor, Trombonn, Tuba a Perkussioun) presentéiert a léieren se kennen.
Wien ass dee schnellsten oder stäerksten? Wien kann am héchsten oder am wäitste sprangen a wien kann dee luesesten Toun spillen?
D’Museker trieden an dëse Kategorië géinteneen un a mussen hiert Bescht gi fir mat engem Pokal kënnen heem ze goen.
Fir weider Infoen: ecole@ugda.lu